NBABoston an Denver schonn am éischten Tour eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
An der NBA ass déi éischte Ronn vum Playoff gespillt, et gouf schonn eng Rei Iwwerraschungen.
© STEPHEN MATUREN/Getty Images via AFP

An der Western Conference (Westen) sinn d'Denver Nuggets mam Superstar Nikola Jokić géint d'Minnesota Timberwolves erausgeflunn, dat obwuel d'Timberwolves verletzungsbedéngt staark deziméiert waren. An der Eastern Conference (Osten) hunn d'Boston Celtics mat 3:4 géint d'Philadelphia 76ers verluer a goufen domat fréizäiteg an d'Summervakanz geschéckt. An zwou weidere Serien am Osten huet missen en decisive 7. Match fir eng Entscheedung suergen. Hei konnten sech Detroit Pistons a Cleveland Cavaliers fir den nächsten Tour qualifizéieren.

De Champion OKC souverän weider

De Champion an Titelfavorit Oklahoma City Thunder huet seng Serie géint d'Phoenix Suns souverän mat 4:0 gewonn a spillt elo géint d'Los Angeles Lakers, déi allerdéngs wuel weiderhin, zumindest fir e puer Matcher, op de Superstar Luka Dončić verzichte mussen. Och d'San Antiono Spurs mam franséische Superstar Victor Wembanyama sinn nach an der Course a ginn als Favorit an d'Serie géint Minnesota.

Schonn um Méindeg geet den zweeten Tour lass, all Serië ginn am Best-of-7 Modus gespillt. Nach sinn 8 Ekippe mat dobäi, a ronn zwou Woche stinn dann nëmmen nach 4 Ekippen um Terrain.

Wie spillt elo géinteneen? (Ranking a Klammeren)

Westen
(1) Oklahoma City Thunder - (4) Los Angeles Lakers
(2) San Antonio Spurs - (6) Minnesota Timberwolves

Osten
(1) Detroit Pistons - (4) Cleveland Cavaliers
(3) New York Knicks - (7) Philadelphia 76ers

Back to Top
CIM LOGO