Basketball-ChampionnatEttelbréck wënnt e Krimi zu Bartreng a brauch nach eng Victoire, fir Champion ze ginn

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch stoung an der Enovos League bei den Hären den zweete Match vun der "Best-Of-Five"-Finallserie um Programm.
© Christophe Hochard

D'Etzella Ettelbréck setzt sech auswäerts knapp mat 84:80 géint d'Sparta Bartreng duerch a geet domat an der Serie 2:0 a Féierung. Schonn um Sonndeg kéint d'Etzella an eegener Hal de Championstitel feieren.

D'Gäscht hunn duerch e kollektiivt Spill gutt an d'Partie fonnt a louchen an der Paus 44:33 a Féierung. Offensiv ware vill Spiller bei der Etzella geféierlech an doduerch hat d'Defense vun der Sparta et schwéier de Géigner ze bremsen.

Nom Säitewiessel konnt Bartreng an enger gutt gefëllter Hal mat ronn 1.000 Zuschauer eng Reaktioun weisen a sech Mëtt vum drëtte Véierel bis op ee Punkt erukämpfen. Ettelbréck huet d'Féierung allerdéngs net ofginn a sech och net aus der Rou brénge gelooss a sech nees e klenge Virsprong erausgespillt. De Max Logelin konnt an de leschte Minutte vum Match nach emol fir Spannung suerge mat dräi Dräier noeneen, Ettelbréck huet um Enn awer kënne jubelen.

Mam Adrian Delph (23 Punkten), Philippe Gutenkauf (20), Nicholas Davis (16) an Billy McDaniel (13) hat Ettelbréck méi Optiounen an der Offense a konnt sech doduerch e Matchball an der Serie sécheren.

Back to Top
CIM LOGO