Iwwerraschung an der NBALeBron James verléisst L.A. Lakers

Tom Nols
No 8 Joer verléisst den NBA-Superstar LeBron James d'Lakers a wäert fir eng 24. Saison bei en neie Veräin wiesselen, sot säin Agent. Et kéint sinn, dass de "King" un der West Coast bleiwe wäert.
© AFP

Dem LeBron James säin Agent Rich Paul huet ESPN géintiwwer confirméiert, dass säi Client LeBron James no 8 Saisonen d'Los Angeles Lakers verloosse wäert. Den 41 Joer ale Basketspiller wäert awer net, wéi vu munchen Insider behaapt ginn ass, an d'Pensioun goen. Villméi wäert de "King" sech fir seng 24. Saison engem neie Veräin uschléissen.

Als méiglech nei Franchise fir den James ginn d'Golden State Warriors genannt, bei deenen den Draymond Greene net verlängere wäert. Doduerch hunn d'Warriors genuch Capacitéiten am Budget fir de fënneffachen MVP. Et geet souguer dovu rieds, dass och den Anthony Davis vu Washington an deem selwechten Zoch un d'West Coast kéint wiesselen.

Back to Top
CIM LOGO