
An der Coque um Kierchbierg hunn d’Rout Léiwinne géint Israel gespillt. Dëse Match gouf ouni Zuschauer ausgedroen an ouni Public am Réck huet Lëtzebuerg net gutt an de Match fonnt. Israel huet d’Isi Etute besonnesch gutt bewaacht a Lëtzebuerg huet sech ze vill Ballverloschter (14 virun der Paus) geleescht, wouduerch d’Gäscht no 20 Minutten 42:29 a Féierung louchen.
D’Spillerinnen aus Israel hunn den drëtte Véierel staark ugefaangen an hire Virsprong weider ausgebaut, soudass eng Virentscheedung gefall war. Lëtzebuerg huet et net fäerdeg bruecht, e kollektiivt Spill opzezéien an och d’Wërf aus der Distanz sinn nëmme seele gefall. Israel huet esou eng souverän Victoire iwwer d’Bün bruecht an däitlech gewonnen.
D’Dionne Madjo huet mat 13 Punkten am beschte getraff bei der FLBB Selektioun, d’Esmeralda Skrijelj koum op 10 Punkten.
Um Dënschdeg steet de leschte Match vun der Qualifikatioun um Programm, auswäerts géint Bosnien Herzegowina. Mat dräi Victoiren an zwou Defaiten am Grupp A steet Lëtzebuerg hanner dem ongeschloene Leader Israel op der zweeter Plaz an
huet sech fir den zweeten Tour vun der Qualifikatioun qualifizéiert.
Resultater:
Irland – Lëtzebuerg 53:69
Israel – Lëtzebuerg 77:65
Lëtzebuerg – Bosnien-Herzegowina 75:39
Lëtzebuerg - Irland 85:73
Lëtzebuerg - Israel 52:76
Um Dënschdeg: 20:00 Bosnien Herzegowina - Lëtzebuerg