
An der Coque um Kierchbierg hunn d’Rout Léiwinne virun 850 Spectateuren mat 85:73 géint Irland gewonnen. Et war déi drëtte Victoire am véierte Match vun der Qualifikatioun an duerch eng Victoire vun Israel géint Bosnien Herzegowina huet sech Lëtzebuerg fir den zweeten Tour vun der Qualifikatioun qualifizéiert.
Lëtzebuerg ass duerch e staarkt Isi Etute gutt an d’Partie gestart a louch schnell 14:5 a Féierung. D’Anne Simon huet e puer Mol aus der Distanz getraff a Lëtzebuerg war oft e Schrëtt méi séier wéi de Géigner, an der Paus war d’Féierung vun der FLBB Selektioun 45:33. Irland ass zwar am Match bliwwen, allerdéngs huet Lëtzebuerg dem Géigner et net erlaabt fir de Réckstand ze verkierzen.
D’Rout Léiwinnen hunn d’Victoire souverän iwwer d’Zil bruecht an um Enn souverän gewonnen. Beschte Spillerinne bei der FLBB-Selektioun waren d’Isi Etute mat 27 Punkten a 19 Rebounds an d’Anne Simon mat 26 Punkten. Um Samschdeg steet e weideren Heemmatch um Programm, ab 18:00 spillt Lëtzebuerg dann an der Coque géint Israel. Dëse Match gëtt ouni Zuschauer gespillt.
Resultater:
Irland – Lëtzebuerg 53:69
Israel – Lëtzebuerg 77:65
Lëtzebuerg – Bosnien-Herzegovina 75:39
Lëtzebuerg - Irland 85:73
E Samschdeg:
18:00 Lëtzebuerg - Israel
En Dënschdeg:
Bosnien Herzegowina - Lëtzebuerg
Tabell am Grupp A:
Israel 4 Matcher / 8 Punkten
Lëtzebuerg 4 / 7
Irland 4 / 5
Bosnien Herzegowina
4 / 4