Zum Optakt vun der 74. Editioun vun der Vuelta ciclista a España waren d'Ekippen op der 1. Etapp am Zäitfueren iwwer 13,4 Kilometer gefuerdert.

Mat enger Zäit vun 14'51" steet d'Ekipp vun Astana zum Schluss vun der 1. Etapp un der Spëtzt. Op déi zweete Plaz kënnt Deceuninck Quick-Step (+0:02 Minuten) virum Team Sunweb (+0:05 Minuten).

D'Ekipp BORA - hansgrohe packt et mam Jempy Drucker mat engem Retard vu 13 Sekonnen op déi 5. Plaz. Den Alex Kirsch kënnt mat Trek - Segafredo mat engem Retard vu 35 Sekonnen op déi 15. Plaz.