
En Donneschdeg ass et op der 4. Etapp vum Tirrano-Adriatico vun Tagliacozzo op Martinsicuro gaangen. No 213 Kilometer war d’Decisioun am Massesprint gefall, wou de Mathieu van der Poel nach déi séierste Been hat an d’Etapp fir sech entscheede konnt. Donieft ass den Hollänner elo och am Grénge Maillot vum beschte Sprinter ënnerwee. Hannendru waren am Sprint den Giulio Pellizzari an den Norweger Tobias Halland Johannessen komm. De Kevin Geniets ass mat engem Réckstand vu 26 Sekonnen dee 45. ginn.
Am General huet den Giulio Pellizzari den Isaac del Toro als Leader ofgeléist an huet op de Mexikaner elo en Ecart vun zwou Sekonnen huet. Neien Drëtten ass de Primoz Roglic mat engem Réckstand vun 21 Sekonnen. De Kevin Geniets klëmmt am Generalklassement ëm aacht Plazen an ass de 35. mat engem Ecart vun 2:16 op de Leader.
1 VAN DER POEL Mathieu 4:51:40
2 PELLIZZARI Giulio ,,
3 JOHANNESSEN Tobias Halland ,,
4 CHAMPOUSSIN Clément ,,
5 VAN AERT Wout ,,
6 HEALY Ben ,,
7 VENDRAME Andrea ,,
8 PINARELLO Alessandro ,,
9 GANNA Filippo ,,
10 DEL TORO Isaac ,,
45 GENIETS Kevin 0:26
1 PELLIZZARI Giulio 15:27:00
2 DEL TORO Isaac 0:02
3 ROGLIC Primoz 0:21
4 JORGENSON Matteo 0:34
5 HEALY Ben 0:39
6 VENDRAME Andrea 0:42
7 SHEFFIELD Magnus ,,
8 CICCONE Giulio 0:44
9 HATHERLY Alan 0:46
10 TIBERI Antonio 0:49
35 GENIETS Kevin 2:16