7. Etapp Paris-NiceDorian Godon wënnt verkierzt Etapp, Jonas Vingegaard bleift a Giel

Tom Nols
Op der 7. Etapp setzt sech de franséische Champion duerch. De Jonas Vingegaard behält eng Etapp viru Schluss de Maillot Jaune.
7. Etapp Paris Nice: Den Dorian Godon wënnt verkierzt Etapp
Op der 7. Etapp setzt sech de franséische Champion duerch. De Jonas Vingegaard behält eng Etapp viru Schluss de Maillot Jaune.

Reen zu Nice a Schnéi an de Bierger. Wéinst schlechte Wiederkonditiounen hat d’Direction de course decidéiert, den Depart op Le Broc ze verleeën, wou d’Coureuren no 73 Kilometer vum eigentleche Parcours hätte solle passéieren. Sou war déi 7. Etapp op 47 Kilometer reduzéiert.

De franséische Champion Dorian Godon huet sech no ronn enger Stonn Fuerzäit zu Isola am Sprint duerchgesat géint den Eritreeër Biniam Girmay an den Hollänner Cees Bol. Am giele Maillot fiert den Dän Jonas Vingegaard op Nice, deen am General eng Avance vun 3 Minutten an 22 Sekonnen huet op de Kolumbianer Dani Martinez.

D’Lëtzebuerger Arthur Kluckers an Alex Kirsch sinn als 99. an 107. iwwer d’Arrivée gefuer, mat engem Retard vun 3 Minutten an zwou Sekonnen, respektiv 5 Minutten an 11 Sekonnen. Am General leie si op de Plaze 85 an 105.

Top 10 vun der Etapp:

1. Dorian Godon (FRA/IGD) 1 h 01:48.
2. Biniam Girmay (ERI/NSN)
3. Cees Bol (NED/DCT)
4. Laurence Pithie (NZL/RBH)
5. Luke Lamperti (USA/EFE)
6. Mike Teunissen (NED/XAT)
7. Jensen Plowright (AUS/APC)
8. Jasper Stuyven (BEL/SOQ)
9. Matteo Trentin (ITA/TUD)
10. Sam Watson (GBR/IGD)
...

99. Arthur Kluckers (LUX/TUD) op 3:11
107. Alex Kirsch (LUX/COF) op 5:11

Generalklassement:

1. Jonas Vingegaard (DEN/TVL) 22 h 18:38
2. Daniel Martínez (COL/RBH) op 3:22
3. Georg Steinhauser (GER/EFE) op 5:50
4. Kévin Vauquelin (FRA/IGD) op 6:09
5. Lenny Martinez (FRA/TBV) op 7:37
6. Marc Soler (ESP/UAD) op 8:15
7. Ion Izagirre (ESP/COF) op 9:02
8. Mathys Rondel (FRA/TUD) op 10:06
9. Alex Baudin (FRA/EFE) op 10:16.
10. Harold Tejada (COL/XAT) op 11:27
...

85. Arthur Kluckers (LUX/TUD) op 1:03:22

105. Alex Kirsch (LUX/COF) op 1:15:18

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO