
Eng Echappée aus 7 Coureuren huet sech fréi ofgesat, um flaachen Terrain goufe si awer no enger Rei Acceleratiounen am Peloton séier ageholl. Et war eng Etapp fir d’Sprinter, déi dunn och wéi erwaart am Massesprint decidéiert gouf.
Hei hat de Jonathan Milan déi beschte Been a konnt sech d’Etappevictoire sécheren. Den Italieener huet sech virum Sam Welsford aus Australien an dem Belsch Laurenz Rex behaapt.
Bal all d’Coureure si mateneen ukomm a kruten deemno déi selwecht Zäit opgeschriwwen, soudass et am General kaum Changementer méi gouf. De Mexikaner Isaac del Toro séchert sech domat d’Schlussvictoire mat enger Avance vu 40 Sekonnen. Den US-Amerikaner Matteo Jorgenson an den Italieener Giulio Pellizzari (+42 Sekonnen) komplettéieren de Podium vun dëser 61. Editioun. De Jorgenson huet de Pellizzari duerch Bonifikatiounen op dëser Etapp am General iwwerholl.
De Kevin Geniets ass op der leschter Etapp den 117. ginn, dat awer mat der selwechter Zäit wéi de Vainqueur. Am General verdeedegt hien domat seng 26. Plaz.
1 Milan Jonathan Lidl - Trek 3:04:54
2 Welsford Sam INEOS Grenadiers ,,
3 Rex Laurenz Soudal Quick-Step ,,
4 Kogut Oded NSN Cycling Team ,,
5 Bittner Pavel Team Picnic PostNL ,,
6 Andresen Tobias Lund Decathlon CMA CGM Team ,,
7 Foldager Anders Team Jayco AlUla ,,
8 De Lie Arnaud Lotto Intermarché ,,
9 Lonardi Giovanni Team Polti VisitMalta ,,
10 García Cortina Iván Movistar Team ,,
...
117 Geniets Kevin Groupama - FDJ United ,,
1 Del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 28:02:14
2 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:40
3 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 0:42
4 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility 1:14
5 Roglič Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:21
6 Ciccone Giulio Lidl - Trek 1:26
7 Buitrago Santiago Bahrain - Victorious 1:49
8 Healy Ben EF Education - EasyPost 1:55
9 Sheffield Magnus INEOS Grenadiers 2:02
10 Pinarello Alessandro NSN Cycling Team 2:06
...
26 Geniets Kevin Groupama - FDJ United 13:57