
Den Isaac del Toro huet e grousse Schratt a Richtung Schlussvictoire beim Tirreno-Adriatico gemaach. De Mexikaner wënnt no 188 Kilometer déi 6. Etapp zu Camerino. Op der Kinneksetapp setzt hie sech mat 3 Sekonnen Avance géint den Dän Tobias Halland Johannessen an den US-Amerikaner Matteo Jorgenson duerch.
Virun der leschter Etapp e Sonndeg, déi eng Affär fir d’Sprinter dierft ginn, huet den del Toro 42 Sekonnen Avance op den Italieener Giulio Pellizzari an 43 Sekonnen op de Jorgenson.
De Lëtzebuerger Kevin Geniets klasséiert sech als gudde 25., mat engem Réckstand vun 3 Minutten a 46 Sekonnen op de Vainqueur vum Dag. Am General läit hien doduerch op der 26. Plaz an huet virun der leschter Etapp e Retard vun 13 Minutten a 57 Sekonnen.