E Mëttwoch stoung mat der Flèche Wallonne deen zweeten Ardenneklassiker um Programm.

Nodeems 1,5 Kilometer virun der Arrivée de Maurits Lammertink agefaange gouf, ass d'Decisioun uewen um Mur de Huy gefall. No 193 Kilometer huet sech de Julian Alaphilippe d'Victoire bei der 85. Editioun vun der Flèche Wallonne geséchert. De Weltmeeschter huet sech virum Primoz Roglic behaapt. Op déi drëtte Plaz ass den Alejandro Valverde gefuer.

Mam Luc Wirtgen war ee Lëtzebuerger um Depart. Hie gouf den 119. op iwwer 12 Minutten.

Bei den Damme gouf et fir d'7. Kéier noeneen eng Victoire vum Anna van der Breggen.

D'Resultat vun der Course

1 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 4:36:25
2 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma ,,
3 VALVERDE Alejandro Movistar Team 0:06
4 WOODS Michael Israel Start-Up Nation 0:08
5 BARGUIL Warren Team Arkéa Samsic 0:11
6 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
7 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
8 CHAVES Esteban Team BikeExchange ,,
9 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers ,,
10 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe 0:16
...
119 WIRTGEN Luc Bingoal Pauwels Sauces WB 5 12:16