Cyclissem-WMKevin Geniets huet wéinst Mokrämp missen opginn

RTL Lëtzebuerg
No 70 Kilometer war d'Course bei der Weltmeeschterschaft an der Belsch fir de Lëtzebuerger schonn eriwwer.
© Screenshot / RTL

Kee gudden Dag war et e Sonndeg fir de Kevin Geniets bei der Weltmeeschterschaft am Cyclissem. De Lëtzebuerger Champion huet wéinst Mokrämp schonn no 70 Kilometer Course misse vum Vëlo klammen.

Kevin Geniets gëtt op
No 70 Kilometer ass de Lëtzebuerger vum Vëlo geklommen.

Den zweete Lëtzebuerger an der Course Alex Kirsch hat fréi an der Course och Pech. 163 Kilometer virun der Arrivée war hien an eng Chute verwéckelt. De Profi vun Trek-Segafredo konnt kuerz drop weiderfueren, ma huet méi spéit nawell opginn, dat well hien net méi an de Peloton konnt opschléissen.

Back to Top
CIM LOGO