Ultra-Cyclissem: Race Across FranceRalph Diseviscourt am Niwwel a mat vill Loft iwwert de Mont Ventoux

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg den Owend 20.10 Auer ass de Ralph Diseviscourt bei der Race Across France ënnerwee. E Freideg dierft hien ukommen.

Zanter 5 Deeg ass de Ralph Diseviscourt elo scho bei der Race Across France ënnerwee. An der Normandie ass et de leschte Samschdeg lassgaangen. Iwwert d’Alpe mat Bierger wéi dem Col de l’Iseran, dem Col du Galibier an der Alpe d’Huez ass et fir de Lëtzebuerger ewechgaangen. Kilometer, déi net einfach waren a vill Zäit kascht hunn.

Extrait Ralph Diseviscourt Alpen

En Donneschdeg huet hie géint Mëtteg mam Mont Ventoux déi lescht ganz grouss Schwieregkeet gepackt an dat mat iwwer Kilometer an de Been.

D’Wieder huet an de leschten Deeg net ëmmer matgespillt an och de Ventoux erop ass den Dizzy net verschount bliwwen. Vill Wand, Reen a Schnéi waren um Rendez-vous.

De Ralph Diseviscourt huet bis e Freideg den Owend 17 Auer ronn 2.300 vun den 2.600 Kilometer gepackt. De Lëtzebuerg rechent nach mat schwéiere Stonne bis dann d’Arrivée op der Côte d’Azur.

Extrait Ralph Diseviscourt lescht Kilometer

Hie läit weider souverän un der Spëtzt vun der Course an huet eng Avance vu gutt 200 Kilometer op déi zweet Plaz.

Extrait Ralph Diseviscourt iwwer Nationalfeierdag

Link: Hei kënnt Dir kucken, wou den Dizzy drun ass

RTL-Artikel: Ultra-Cyclissem: Race Across France: Schwéier Stonne fir de Ralph Diseviscourt an den Alpen (Dag 4)
RTL-Artikel: Ultra-Cyclissem: Race Across France: Ralph Diseviscourt huet 1. Schwieregkeeten an den Alpe gepackt (Dag 3)
RTL-Artikel: Ultra-Cyclissem: Race Across France Ralph Diseviscourt mat wéineg Schlof um Wee a Richtung Alpen (Dag 2)
RTL-Artikel: Ultra-Cyclissem Ralph Diseviscourt gutt an d’Race Across France gestart (Dag 1)

Back to Top
CIM LOGO