Mam Tour de la Provence an dem Tour des Alpes Maritimes et Var geet et am Februar fir d'Fusiounsekipp an déi nei Saison.

Um Dënschdeg gouf den néien Trikot vun der Ekipp presentéiert. Schwéierpunkt bléift d'Entwécklung vu jonken Talenter, deenen een an engem gudden Ëmfeld d`Chance wëll gi fir de Wee an eng World Tour Ekipp ze fannen.Och un eegenen Ambitioune feelt et net. Déi 16 Coureuren si vun nächstem Weekend un zesummen a Spuenien am Stage, do wäerte Si och fir eng éischte Kéier mam néien Trikot fueren.6 Lëtzebuerger fueren 2023 bei Leopard TOGT Pro Cycling.

Leopard TOGT Pro Cycling 2023
Loïc Bettendorff (LUX - 2001)
Mathias Bregnhøj (DK - 1995)
Tobias Aagaard Hansen (DK – 2002)
Colin Heiderscheid (LUX - 1998)
Oliver Knudsen (DK – 1999)
Mads Østergaard Kristensen (DK – 1998)
Mil Morang (LUX – 2004)
Tom Paquet (LUX – 2002)
Cedric Pries (LUX - 2000)
Robin Juel Skivild (DK – 2001)
Kasper Viber Søgaard (DK - 2001)
Andreas Stokbro (DK – 1997)
Tim Torn Teutenberg (GER - 2002)
Nick van der Lijke (NL - 1991)
Emil Vinjebo (DK - 1994)
Mats Wenzel (LUX - 2002)