D’Hollännerin Fem van Empel konnt sech iwwerdeems d’Victoire sécheren.

Bei den Damme gouf et donieft ee komplett hollännesche Podium. Just 3 Sekonnen nom van Empel ass d’Puck Pieterse zu Benidorm a Spuenien beim Cyclocross-Weltcup iwwert d’Arrivée gefuer, 10 Sekonnen drop huet d’Shirin van Anrooij du fir de perfekte Podium aus hollännescher Siicht gesuergt. Déi jonk Lëtzebuergerin Marie Schreiber ass mat engem Retard vun 2 Minutten op d’Fem van Empel 15. ginn.

Bei den Häre konnt den Hollänner Mathieu van der Poel sech ganz knapp virum Belsch Wout van Aert duerchsetzen. Béid Coureure si praktesch zäitgläich no genau enger Stonn iwwer d’Arrivée gefuer. Déi drëtt Plaz war fir de Belsch Eli Iserbyt, dat mat engem Retard vun 9 Sekonnen.

D'Klassement vun den Dammen

1 VAN EMPEL Fem 52:47
2 PIETERSE Puck +0:03
3 VAN ANROOIJ Shirin +0:13
4 PERSICO Silvia +0:21
5 BRAND Lucinda +0:53
6 WORST Annemarie +0:55
7 BACKSTEDT Zoe +1:18
8 BURQUIER Line +1:33
9 ROCHETTE Maghalie +1:50
10 CLAUZEL Hélene +1:52
...
15 SCHREIBER Marie +2:00