Pim Ronhaar wënnt de Prolog

© Tom Flammang
Fir den Optakt vun der 72. Editioun vun der Flèche du Sud gëtt et den Owend beim Prolog zu Esch eng Victoire fir de Pim Ronhaar.
Den Hollänner hat no 3,2 Kilometer 1 Sekonn Avance op de Fransous Lucas Grolier. Den Tom Wirtgen konnt sech als 18. a beschte Lëtzebuerger klasséieren, hien hat e Retard vun 10 Sekonnen.
En Donneschdeg geet déi éischt Etapp vu Rëmeleng op Rëmeleng.
D'Resultat vun der Course
1. Pim Ronhaar (Baloise-Trek Lions) 4:47
2. Lucas Grolier (Vendée U) 0:01
3. Antoine Huby (Vendée U) 0:03
18. Tom Wirtgen (Global 6) 0:10
21. Mathieu Kockelmann (Lotto-Kern Haus) 0:11
23. Colin Heiderscheid (Leopard TOGT) 0:11
31. Ivan Centrone (Materiel.Velo.com) 0:13
35. Mats Wenzel (Leopard TOGT) 0:14

© Tom Flammang