En Donneschdeg war bei der WM am Cyclissem de Contre-la-montre iwwer 36,2 Kilometer vun den Damme ronderëm Stirling.

D'US-Amerikanerin hat um Enn eng ganz knapp Avance vu 6 Sekonnen op d'Grace Brown. Déi drëtt Plaz mat engem däitlech méi grousse Retard vun 1 Minutt an 13 Sekonnen war fir d'Christina Schweinberger aus Éisträich. D'Marlen Reusser aus der Schwäiz, déi zu de Favoritinne gegollt huet, ass d'Course net op en Enn gefuer.

Aus Lëtzebuerger Siicht koum d'Nina Berton op déi 49. Plaz mat engem Réckstand vu 6 Minutten a 7 Sekonnen. Am Klassement vun den U23 koum d'Lëtzebuergerin domat op déi 10. Plaz.

Resultat vum Contre-la-montre

1 DYGERT Chloe United States
2 BROWN Grace Australia 0:06
3 SCHWEINBERGER Christina Austria 1:13
4 HENDERSON Anna Great Britain 1:15
5 LABOUS Juliette France 1:22
6 VOLLERING Demi Netherlands 1:28
7 SKALNIAK-SÓJKA Agnieszka Poland 1:38
8 NEBEN Amber United States 1:52
9 MARKUS Riejanne Netherlands 2:08
10 HOWE Georgie Australia 2:26