No 177 Kilometer gewënnt den Tobias Johannessen déi lescht Etapp, de Bob Jungels gouf als beschte Lëtzebuerger 11. De General geet un de Marc Hirschi.

Skoda Tour de Luxembourg - 5. Etapp
Schlussvictoire fir Johannessen, Hirschi wënnt General

Den Norweger Tobias Halland Johannessen gewënnt déi lescht Etapp vum Skoda Tour de Luxembourg no enger Attack am Pabeierbierg. De Coureur vun der Ekipp Uno-X Pro Cycling war mat enger Echappée vu ronn 15 Coureuren an de leschte Passage vum Pabeierbierg gaangen an huet fréi attackéiert a sech domat déi néideg Avance geséchert, fir op de leschte Meter net méi ageholl ze ginn.

De Bob Jungels war an der leschter Montée mat an der Echappée, huet awer den Uschloss verluer a klasséiert sech als beschte Lëtzebuerger op der eelefter Plaz.

Am Generalklassement huet sech op der leschter Etapp näischt méi geännert. De Marc Hirschi behält dräi Sekonnen Avance op de Brandon McNulty a fënnef op de Ben Healy. De Schwäizer konnt sech beim éischte Passage vum Pabeierbierg eng Zäitbonifikatioun vun zwou Sekonne sécheren, de Brandon McNulty krut eng Sekonn guttgeschriwwen. De Marc Hirschi ass domat de Gewënner vun der 83. Editioun vum Tour de Luxembourg.

Den Arthur Kluckers ass am General mat der eelefter Plaz de beschte Lëtzebuerger. De Mats Wenzel gewënnt de Biergpräis.

Skoda Tour de Luxembourg : 5. Etapp (Replay)
Wie konnt sech d’Schlussvictoire sécheren. D’Schlussetapp elo am Replay.

D'Klassement vun der Etapp

1 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 4:07:25
2 ARANBURU Alex Movistar Team 0:08
3 BONNAMOUR Franck AG2R Citroën Team 0:08
4 MADOUAS Valentin Groupama - FDJ 0:08
5 VANSEVENANT Mauri Soudal - Quick Step 0:08
6 COSTIOU Ewen Team Arkéa Samsic 0:08
7 TESFATSION Natnael Lidl - Trek 0:08
8 OOMEN Sam Jumbo-Visma 0:08
9 VERGALLITO Luca Alpecin-Deceuninck 0:08
10 GALL Felix AG2R Citroën Team 0:08
11 JUNGELS BOB Bora-Hansgrohe 0:14
...
21 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 0:22
25 GENIETS Kevin Groupama-FDJ 0:22
58 KIRSCH Alex Lidl-Trek 3:23
79 WENZEL Mats Leopard Pro Cycling 7:26
98 PRIES Cédric Leopard Pro Cycling 14:39

D'Generalklassement

1 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 17:15:11
2 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:03
3 HEALY Ben EF Education-EasyPost 0:05
4 VAN WILDER Ilan Soudal - Quick Step 0:34
5 ULISSI Diego UAE Team Emirates 0:35
6 KRAGH ANDERSEN Søren Alpecin-Deceuninck 0:39
7 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates ,,
8 BOUWMAN Koen Jumbo-Visma 0:41
9 O'CONNOR Ben AG2R Citroën Team 0:44
10 VAN GILS Maxim Lotto Dstny 0:57
11 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 0:58
...
34 JUNGELS Bob Bora-Hansgrohe 4:52
38 GENIETS Kevin Groupama-FDJ 5:54
65 KIRSCH Alex Lidl-Trek 18:00
97 WENZEL Mats Leopard Pro Cycling 44:04
98 PRIES Cédric Leopard Pro Cycling 54:00