Marie Schreiber mat 5. Plaz zu Maasmechelen

© Tom Flammang
Zu Maasmechelen an der Belsch stoung um Sonndeg déi 2. Manche vum Cyclocross-Weltcup bei den Dammen a bei den Hären um Programm.
Bei den Dammen huet d'Marie Schreiber wéi gewinnt eng excellent Leeschtung gewisen an ass um Enn op déi 5. Plaz komm. Si hat e Retard vun 2 Minutten an 3 Sekonnen op d'Hollännerin Fem van Empel op der 1. Plaz. Komplettéiert gouf de Podium vum Ceylin Del Carmen Alvarado a vum Aniek van Alphen.
De Lars van der Haar konnt sech iwwerdeems d'Victoire bei den Häre sécheren. Mat enger Avance vun 21 respektiv 27 Sekonnen op déi zwee Belsch Eli Iserbyt a Laurens Sweeck huet den Hollänner sech no ronn enger Stonn duerchgesat.
Bei de Junioren ass de Lëtzebuerger Jonah Flammang den 22. ginn, dat mat engem Retard vu ronn 5 Minutten op den Éischtplacéierten Arthur Van den Boer.