De Mats Wenzel wënnt déi éischt Editioun um Härebierg
Bei den Dammen ass d'Victoire iwwerdeems fir d'Christine Majerus.
Den Ufank vun den Elite-Courssen hat déi vun den Damme gemaach. D'Sportzaldotin Christine Majerus hat sech eng Éier draus gemaach, fir um Härebierg an hir Cyclocross-Saison ze starten. D'Course vun den Dammen huet si dunn och souverän virum Isabelle Klein gewonnen. Genee wéi bei den Damme waren och bei den Hären Arméi-Sportler aus dem Ausland ageschriwwen. Bei de Männer war et an den éischten Tier eng ganz oppen a spannend Course. De Loïc Bettendorff am Trikot vun der Arméi hat e séieren Depart, ma Conter, Kockelmann an e bësse méi spéit och de Mats Wenzel hunn hien awer net zéie gelooss. Nach virum hallwe Cross huet de Leschtgenannten den Ecart gemaach a konnt seng Avance souverän ausbauen. Hannendrun huet sech eng spannend Course ëm d'Éiereplazen ofgezeechent. No e bësse méi wéi 50 Minutte Course ass de Mats Wenzel vu Leopard TOGT als Vainqueur iwwer d'Arrivée gefuer. Den Elite-Sportler Loïc Bettendorf huet sech virum Ken Conter, dee sengersäits Leader am Skoda Cross Cup bleift, déi zweete Plaz geséchert.
Bei de Juniore gouf et eng Victoire vum Lenn Schmitz, dee virum Theo da Costa an dem Lennox Papi iwwer d'Zillinn gefuer ass. Bei de Masters konnt den Tommy Arnoldy sech iwwerdeems iwwert eng weider Victoire freeën.
Trotz deem schlechte Wieder hate sech e Samschdeg de Mëtteg um Härebierg vill Leit afonnt an hu fir eng gutt Stëmmung gesuergt. Déi éischt Editioun war deemno e Succès.
Déi lescht Cyclocross-Weltmeeschterschaft vun der Arméi hei am Land war 2002 zu Zéisseng, wie weess wat um Site vum Botterweck an Zukunft nach méiglech ass.