De ganze leschte Wanter war d'Christine Majerus kee Cyclocross gefuer. De leschte Weekend ass d'Profisportlerin um Härebierg an hir Saison gestart.

Um Enn ass et eng kloer Victoire fir déi fréier 4. vun der Weltmeeschterschaft am Cyclocross ginn. Dëse Sonndeg steet d'Epreuve vun hirem Veräin zu Zéisseng um Programm, dono kéinten awer och e puer international Rendez-vouse geplangt ginn.

Ob d'Christine Majerus bei der Weltmeeschterschaft dobäi ass, dat ass fir de Moment nach net gewosst. D'Saison op der Strooss mat ënner anerem den Olympesche Spiller zu Paräis huet Prioritéit.

Och nieft dem Sport bleift déi 36 Joer al Athletin aktiv. Nodeems si d'Kannerbuch 'E Vëlo fir de Muli' Enn 2022 rausbruecht huet, ass et en Donneschdeg e Gesellschaftsspill, dat presentéiert ginn ass. 'Depart...lass!' heescht et a ka vun en Donneschdeg u kaf ginn.