Nationale Cyclocross
Hugo Boulanger gewënnt zu Ettelbréck
Den Hugo Boulanger huet der Course säi Stempel opgedréckt.
Zu Ettelbréck gouf déi 9. Manche vum Skoda-Cross-Cup gefuer.
Zu Ettelbréck gouf e Sonndeg de Mëtteg de regionale Nordstad Cross gefuer. Et war déi 9. Manche vum Skoda-Cross-Cup.
Gewonne gouf d'Course bei der Elite mat enger Zäit vun 51 Minutten a 40 Sekonne vum Fransous Hugo Boulanger. Hien op der Linn d'Arrivée e Virsprong vu 40 Sekonnen op de zweete Fransous Gauthier Rouxel, dee gläichzäiteg beschten Espoir ass. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir de Lëtzebuerger Fynn Ury, mat enger Zäit vun 53 Minutten an 13 Sekonnen. De Coureur vun CT Atertdall kennt bei den Espoirs op déi zweete Plaz, hannert dem Gauthier Rouxel. Déi drëtte Plaz bei den Espoirs ass fir de Jonathan Kalweit.
Am meeschte gelies