Marie Schreiber muss opginn, Victoire fir d'Puck Pieterse

Am General bleift d'Lëtzebuergerin trotzdeem weider an den Top10. Bei den Häre huet sech de Mathieu van der Poel duerchgesat.
E Sonndeg de Mëtteg ass d'Marie Schreiber op der 12. Manche vum Cyclocross-Weltcup zu Zonhoven bei der Dammen Elite net op der Arrivée ukomm. Wéi d'Team SD Worx op de soziale Medie matgedeelt huet, hat d'Lëtzebuerger Coureuse op Grond vun "e puer Réckschléi" missen de Vëlo op d'Säit stellen.
D'Hollännerin Puck Pieterse huet sech no sechs Ronnen d'Victoire op 24 Sekonne virun der Landsfra Inge van der Heijden an op 41 Sekonne virun der Brittin Zoe Backstedt geséchert. Am General bleift d'Ceylin Alvarado mat 312 Punkte weider Leaderin, dat virun der neier Zweetplacéierter Puck Pieterse (260 Pkt.), dat sech laanscht d'Lucinda Brand (237 Pkt.) setze konnt. D'Marie Schreiber steet hei mat 166 Punkten op der 9. Plaz.
Bei der Hären Elite geet d'Victoire un de Mathieu van der Poel. Den Hollänner huet sech bannent aacht Ronne un der Spëtzt ofgesat a fiert um Enn mat enger Avance vun 20 Sekonnen op säi Landsmann Joris Nieuwenhuis an 22 Sekonnen op de Laurens Sweeck aus der Belsch iwwert d'Arrivée. Am General steet den Eli Iserbyt, deen e Sonndeg op déi 6. Plaz gefuer ass, weider un der Tabellespëtzt. Mat 295 Punkten läit de Belsch 25 Punkte virum Joris Nieuwenhuis a 35 Punkte virum Pim Ronhaar.
D'Top 10 vun der Dammen Elite
1 PIETERSE Puck 51:39
2 VAN DER HEIJDEN Inge 0:24
3 BACKSTEDT Zoe 0:41
4 WORST Annemarie 1:19
5 ZEMANOVÁ Kristyna 1:24
6 VERDONSCHOT Laura 1:29
7 BENTVELD Leonie 2:15
8 VAS Blanka Kata 2:37
9 CANT Sanne 2:49
10 MOLENGRAAF Lauren 2:58
DNF SCHREIBER Marie
D'Top 10 vun der Hären Elite
1 VAN DER POEL Mathieu 59:35
2 NIEUWENHUIS Joris 0:20
3 SWEECK Laurens 0:22
4 RONHAAR Pim 0:29
5 VANDEBOSCH Toon 0:59
6 ISERBYT Eli 1:11
7 VERSTRYNGE Emiel 1:17
8 VAN DER HAAR Lars 1:39
9 WYSEURE Joran 1:55
10 KAMP Ryan 1:58