Déi lescht Etapp gouf vum Carlos Rodriguez virum Ayuso gewonnen. Op déi 3. Plaz koum de Marc Soler. De Bob Jungels gouf do de 67..

De Gewënner vum 63. Tour duerch d'Baskeland heescht Juan Ayuso (UAE Team Emirates).

Op der leschter Etapp, déi iwwer 137,8 Kilometer ronderëm Eibar goung, huet sech de Carlos Rodriguez (INEOS Grenadiers) duerchgesat. Den Ayuso an de Rodriguez hate sech vun der Konkurrenz ofgesat an hunn um Enn de Vainqueur vun der Etapp ënnert sech ausgemaach. Den Ayuso gouf den Zweeten. Mat engem Retard vun 41 Sekonnen huet sech de Marc Soler déi drëtt Plaz geséchert. De Mattias Skjelmose, dee virun der Etapp nach Leader am General war, gouf de 4., och op 41 Sekonnen an huet domadder op der leschter Etapp seng Féierung un den Ayuso verluer. Hien ass am General och hannert de Rodriguez op déi 3. Plaz zréckgefall.

De Bob Jungels huet sech op der leschter Etapp op der 67. Plaz klasséiert. Hien hat e Réckstand vu knapp 11 Minutten op den Ayuso. Am General gouf de Lëtzebuerger den 91..

De Spuenier Alex Aranburu (Movistar) krut um Enn den Trikot vum Punktebeschten an de Sepp Kuss (Team Visma | Lease a Bike) war de beschte Grimpeur.

D'Klassement vun der Etapp

1 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:37:13
2 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
3 SOLER Marc UAE Team Emirates +0:41
4 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
5 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL ,,
6 MOLLEMA Bauke Lidl - Trek +1:31
7 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates ,,
8 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
9 CHAVES Esteban EF Education - EasyPost +1:33
10 DEL TORO Isaac UAE Team Emirates +1:41
...
67 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +10:59

De General

1 AYUSO Juan UAE Team Emirates 15:56:50
2 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +0:42
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek +0:43
4 SOLER Marc UAE Team Emirates +1:23
5 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates +1:46
6 BILBAO Pello Bahrain - Victorious +1:48
7 DEL TORO Isaac UAE Team Emirates +2:15
8 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels +2:38
9 IZAGIRRE Ion Cofidis +3:06
10 BAUDIN Alex Decathlon AG2R La Mondiale Team +3:07
...
91 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +34:47