Déi lescht Etapp gouf am Sprint vum Fransous Dorian Godon virum Simone Consonni gewonnen. De Luc Wirtgen gouf am General de 76..

Déi lescht Etapp ronderëm Vernier iwwer 150,8 Kilometer gouf am Sprint entscheet. De Fransous Dorian Godon (Decathlon AG2R La Mondiale Team) hat um Enn d'Nues virum Simone Consonni (Lidl - Trek) vir. De Podium gouf vum Dion Smith (Intermarché - Wanty) komplettéiert. De Luc Wirtgen gouf op der leschter Etapp den 107. mat engem Retard vu knapp 3 Minutten. Den Arthur Kluckers huet sech op der 115. Plaz op iwwer 7 Minutte klasséiert.

Am General ass näischt méi geschitt an de Spuenier Carlos Rodriguez (INEOS Grenadiers) ass den Éischte bliwwen. Mam Aleksandr Vlasov an dem Florian Lipowitz sinn zwee Coureure vu BORA - hansgrohe op d'Plazen 2 an 3 gefuer. De Luc Wirtgen gouf do de 76. an den Arthur Kluckers huet den Tour de Romandie op der 121. Plaz ofgeschloss.

De Godon huet sech och de Maillot vum beschte Sprinter geséchert. D'Biergwäertung goung un den Däitsche Juri Hollmann. Duerch seng Victoire am General war de Carlos Rodriguez och de beschten Nowuesfuerer.

D'Klassement vun der Etapp

1 GODON Dorian Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:22:00
2 CONSONNI Simone Lidl - Trek ,,
3 SMITH Dion Intermarché - Wanty ,,
4 VAN DIJKE Tim Team Visma | Lease a Bike ,,
5 ARANBURU Alex Movistar Team ,,
...
107 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team +2:58
115 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team +7:01

De General

1 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 15:44:46
2 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +0:07
3  LIPOWITZ Florian BORA - hansgrohe +0:09
4 VAN WILDER Ilan Soudal Quick-Step +0:21
5 AYUSO Juan UAE Team Emirates +0:27
...
76 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 5 +36:18
121 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 5 +1:01:34