Demi Vollering séchert sech d'Schlussvictoire

© AFP
D'Hollännerin konnt sech um leschten Dag d'Etappevictoire huelen an domat och déi 1. Plaz am General verdeedegen.
E Sonndeg stoung a Spuenien den Ofschloss vun der Vuelta España bei den Dammen um Programm. Iwwer 89.5 Kilometer ass nach eng leschte Kéier mat Depart an Arrivée zu Madrid gefuer ginn.
Hei konnt sech d'Demi Vollering déi ganz Course iwwer am Spëtzegrupp halen a gutt fënnef Kilometer viru Schluss ass et dann och gelonge sech eleng vir ofzesetzen. Um Enn wënnt d'Hollännerin net nëmmen d'Etapp, ma och de General mat engem komfortabele Virsprong vun 1:49 Minutt. D'Riejanne Markus aus Holland konnt sech op der leschter Etapp nach déi zweet Plaz vum Elisa Longo Borghini kropen. Domat komplettéiert d'Italienerin de Podium mat engem Retard vun 2:00 Minutten op d'Gewënnerin.
D'Klassement vun der 8. Etapp
1 VOLLERING Demi 2:43:06
2 MUZIC Évita 0:29
3 MARKUS Riejanne 0:33
4 ROOIJAKKERS Pauliena 0:53
5 BAUERNFEIND Ricarda 0:56
6 LABOUS Juliette 1:00
7 LONGO BORGHINI Elisa ,,
8 NIEDERMAIER Antonia ,,
9 KASTELIJN Yara 1:10
10 CADZOW Kim 1:28
D'Schlussklassement
1 VOLLERING Demi 23:30:55
2 MARKUS Riejanne 1:49
3 LONGO BORGHINI Elisa 2:00
4 LABOUS Juliette 2:58
5 MUZIC Évita 3:15
6 BAUERNFEIND Ricarda 4:33
7 FISHER-BLACK Niamh 5:14
8 KASTELIJN Yara 5:27
9 ROOIJAKKERS Pauliena 5:42
10 CADZOW Kim 6:19