Um Mëttwoch war déi éischt Etapp vun der 73. Editioun vun der Flèche du Sud. Zu Kanech si 85,5 Kilometer gefuer ginn.

No 7 Tier op engem ronn 12 Kilometer laangem Circuit gouf et eng Victoire fir de Tim Torn Teutenberg. Den däitsche Coureur aus der Ekipp Lidl - Trek war am Sprint op de leschte Meter méi séier wéi de Patrick Stosz aus Polen. De Matteo Milan aus Italie konnt sech als 3. klasséieren.

Beschte Lëtzebuerger war den Tom Wirtgen als 20.. Muer gëtt déi 2. Etapp ronderëm Rëmeleng gefuer. Do stinn 151,2 Kilometer um Programm. Am ganze sinn 117 Coureuren un den Depart gaangen.