Op der 8. Etapp vum Giro d'Italia ass et fir d'Coureuren iwwer 152 Kilometer vu Spoleto op Prati di Tivo gaangen.

Den Tadej Pogacar huet op en Neits d'Iwwerhand behalen a sech am Schlusssprint viru senge Konkurrenten Daniel Felipe Martinez a Ben O'Connor duerchgesat. Domat konnt hien och seng Avance am Generalklassement weider ausbauen.

Eng Echappée aus 14 Cyclisten hat sech fréi ofgesat, ma d'Avance war awer zu kengem Zäitpunkt grouss genuch fir d'Victoire ënner sech auszemaachen. Direkt um Ufank vun der schwéierer Schlussmontée bis op Prati di Tivo ass de Grupp auserneegefall a just de Valentin Paret-Peintre ass mat engem Virsprong vu ronn 20 Sekonnen un der Spëtzt bliwwen.

Eng 4 Kilometer viru Schluss war och de Fransous vum Favorittegrupp ageholl, an deem UAE Team Emirates den Toun uginn huet. Réischt 1800 Meter virun der Arrivée goufen et eng Partie Attacken op de Leader Tadej Pogacar, ma de Slowen ass all Lach ouni Problemer zougefuer.

Um Enn hat de Favorit dunn och déi bescht Been a konnt sech am Schlusssprint déi 3. Etappevictoire bei dësem Giro sécheren. De Pogacar baut domat och seng Féierung am General weider aus. Hei leien den Daniel Felipe Martinez (+2:40) an de Geraint Thomas (+2:58) weider op de Plazen 2 an 3.

De Michel Ries huet sech op der 8. Etapp als 26. klasséiert, dat mat engem Retard vu 4 Minutten a 47 Sekonnen. Am General läit de Lëtzebuerger op der selwechter Plaz, hei mat engem Réckstand vun 18:43 Minutten.

D'Klassement vun der 8. Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 4:02:16
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe ,,
3 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
4 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:02
5 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers ,,
6 RUBIO Einer Movistar Team ,,
7 UIJTDEBROEKS Cian Team Visma | Lease a Bike ,,
8 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 0:11
9 STORER Michael Tudor Pro Cycling Team 0:13
10 BAUDIN Alex Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:21
...
26 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 4:47

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 28:14:42
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 2:40
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 2:58
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:39
5 UIJTDEBROEKS Cian Team Visma | Lease a Bike 4:02
6 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 4:23
7 FORTUNATO Lorenzo Astana Qazaqstan Team 5:15
8 RUBIO Einer Movistar Team 5:28
9 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 5:30
10 HIRT Jan Soudal Quick-Step 5:53
...
26 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 18:43