Magnus Cort Nielsen wënnt zweet Etapp

© AFP-Archiv
Op der zweeter Etapp vum Critérium du Dauphiné goung et e Méindeg iwwer 142 Kilometer vu Gannat op de Col de la Loge.
Uewenaus am Niwwel um Col de la Loge huet sech de Magnus Cort Nielsen duerchgesat. Den dänesche Coureur huet sech am Sprint virum Primoz Roglic an dem Matteo Jorgenson duerchgesat. De Bruno Armirail, deen de ganzen Dag an der Echappée war, gouf eréischt knapp 200 Meter virun der Arrivée ageholl. De Kevin Geniets gouf den 89. op 10 Minutten an 22 Sekonnen, an der nämmlechter Zäit gouf de Bob Jungels den 98. an den Alex Kirsch hat als 150. nach eng Véierelsstonn Retard.
Am General huet de Gewënner vun e Sonndeg, de Mads Pedersen, 7,5 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen. Deemno war kloer, dass et am General en neie Leader géif ginn. An dat ass de Gewënner vun der 2. Etapp, de Magnus Cort Nielsen.
Klassement vun der Etapp
1 CORT Magnus Uno-X Mobility
2 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe
3 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike
4 CICCONE Giulio Lidl - Trek
5 LAZKANO Oier Movistar Team
6 TEUNS Dylan Israel - Premier Tech
7 NERURKAR Lukas EF Education - EasyPost
8 CHAMPOUSSIN Clément Arkéa - B&B Hotels
9 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ
10 MARTIN Guillaume Cofidis
General no der Etapp
1 CORT Magnus Uno-X Mobility
2 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe 0:04
3 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:06
4 ARMIRAIL Bruno Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:08
5 CHAMPOUSSIN Clément Arkéa - B&B Hotels 0:10
6 GEE Derek Israel - Premier Tech ,,
7 LAZKANO Oier Movistar Team ,,
8 NEILANDS Krists Israel - Premier Tech ,,
9 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
10 HAIG Jack Bahrain - Victorious ,,