Schlussvictoire ass fir de Primoz Roglic

© THOMAS SAMSON/AFP
Déi lescht Etapp gouf an der Schlussmontée entscheet. Do huet sech de Carlos Rodriguez virum Matteo Jörgenson an dem Derek Gee duerchgesat.
Op der leschter Etapp goung et iwwer 160,6 Kilometer vun Thônes op de Plateau des Glières.
D'Etapp gouf vum Carlos Rodríguez (INEOS Grenadiers) virum Matteo Jörgenson (Team Visma | Lease a Bike) gewonnen. Op der 3. Plaz mat engem Retard vu 15 Sekonnen huet sech den Derek Gee (Israel - Premier Tech) klasséiert. De Primoz Roglic (BORA - hansgrohe) hat an der leschter Montée misse lassloossen a gouf um Enn de 6. an der Etapp. De Kevin Geniets ass als 33. knapp 7 Minutten hannert dem Gewënner iwwer d'Arrivée gefuer. De Bob Jungels gouf den 38. mat engem Retard vun iwwer 11 Minutten.
Obwuel de Roglic op der leschter Etapp huet misse lassloossen konnt hien déi 76. Editioun vum Critérium du Dauphiné gewannen. Hien hat awer just nach eng Avance vun 8 Sekonnen op de Matteo Jörgenson (Team Visma | Lease a Bike) a vu 36 Sekonnen op den Derek Gee.
De Bob Jungels gouf um Enn de 40. mat engem Retard vu 47 Minutten an 22 Sekonnen. De Geniets huet sech op der 44. Plaz mat engem Réckstand vun iwwer 50 Minutte klasséiert.
D'Klassement vun der Etapp
1 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 4:18:02
2 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
3 GEE Derek Israel - Premier Tech +0:15
4 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers +0:35
5 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious +0:35
6 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe +0:48
7 CICCONE Giulio Lidl - Trek +0:48
8 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +0:58
9 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +0:58
10 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +1:10
...
33 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +6:59
38 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +11:36
De General
1 ROGLIČ Primož BORA - hansgrohe 25:35:40
2 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike +0:08
3 GEE Derek Israel - Premier Tech +0:36
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +1:00
5 DE PLUS Laurens INEOS Grenadiers +2:04
6 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe +2:06
7 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +2:25
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek +2:54
9 LAZKANO Oier Movistar Team ,,
10 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +4:13
...
40 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +47:22
44 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +50:29