Victoire fir den Thibau Nys, Alberto Bettiol ass neie Leader

© AFP-Archiv
Op der 3. Etapp vum Tour de Suisse goung et iwwer 161,7 Kilometer vu Steinmaur op Rüschlikon.
De Lokalmatador Marc Hirschi hat d'Konkurrenz an der decisiver Phas vun der Course iwwerrascht a konnt sech ofsetzen. Hie gouf dunn awer knapp e Kilometer virun der Arrivée nees ageholl. An enger schwéierer Finall hat den Thibau Nys dunn awer déi bescht Been. De Belsch konnt sech um Enn knapps virum Stephen Williams an dem Alberto Bettiol duerchsetzen. De Luc Wirtgen gouf den 122. op 5 Minutten an 58 Sekonnen.
Am General ass elo den Alberto Bettiol virop. Den Italiener huet sechs Sekonnen Avance op den Ethan Hayther an de Wilco Kelderman. Hei ass de Luc Wirtgen den 109. op 9 Minutten an 59 Sekonnen.
Klassement vun der Etapp
1 NYS Thibau Lidl - Trek 3:27:31
2 WILLIAMS Stephen Israel - Premier Tech 0:00
3 BETTIOL Alberto EF Education - EasyPost 0:00
4 ADRIÀ Roger BORA - hansgrohe 0:00
5 LAPEIRA Paul Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:00
6 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:00
7 YATES Adam UAE Team Emirates 0:00
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:03
9 TULETT Ben Team Visma | Lease a Bike 0:03
10 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 0:03
General no der Etapp
1 BETTIOL Alberto EF Education - EasyPost 7:39:20
2 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 0:06
3 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike ,,
4 WILLIAMS Stephen Israel - Premier Tech ,,
5 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:09
6 FISHER-BLACK Finn UAE Team Emirates ,,
7 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
8 YATES Adam UAE Team Emirates 0:10
9 CHRISTEN Jan UAE Team Emirates 0:11
10 ADRIÀ Roger BORA - hansgrohe 0:13