Um drëtten Dag goung et iwwer méi flaach 231 Kilometer vun Piacenza op Turin.

No deenen zwou méi ustrengenden Etappe vun dëser 111. Editioun vum Tour de France stoung op dësem drëtten Dag mat 231 Kilometer eng méi flaach Etappe um Programm. Wuel hunn e puer Koppe vun der 4. Kategorie op d'Coureure gewaart. Déi ware keng grouss Schwieregkeet fir Profisportler an dowéinst war dës Etapp déi éischten Chance fir d'Ekippe vun de Sprinter. 
 
D'Favoritte waren deemno: Jasper Philipsen, Dylan Groenewegen, Pascal Ackermann a Mads Pedersen. Et konnt een och gespaant sinn, wéi de Fabio Jakobsen an de Mark Cavendish sech géifen aus der Affär zéien, déi op deenen éischten Etappe ferm gelidden hunn.
 
Déi konnte sech zu Alexendrie fir déi éischte Kéier testen. Do gouf et nämlech déi éischt Sprintwäertung vun dësem Dag. Hei war de Mads Pedersen (Lidl-Trek) dee Séierste virum Jasper Philipsen (Alpecin-Deceuninck) a Bryan Coquard (Cofidis). 
 
Et war wéineg verwonnerlech, dass d'Coureuren no deenen zwou éischten Etappen et méi roueg ugoe gelooss hunn.
 
De Fabien Grellier hat versicht, sech 66 Kilometer virun der Arrivée ofzesetzen. De Fransous vun der Ekipp TotalEnergies krut awer ni méi wéi eng Minutt Avance an 28 Kilometer virun der Arrivée huet et geheescht: "Echapé Terminé".
 
20 Kilometer virun der Arrivée koum Beweegung an den Peloton an et gouf hektesch. Den Matthieu Van der Pool krut an der Schlussphas e Platten. Dëst war batter fir de Jasper Philipsen, well domat e wichtegen Ufuerer fir de Sprint gefeelt huet. Um Enn huet et awer keng Roll gespillt, well de Philipsen an de Schlusskilometer nach an eng Chute verwéckelt war. 
 
Am Sprint hat de Biniam Girmay (Intermarché – Wanty) dunn déi séierste Been, deen dës 3. Etapp vum Tour de France gewonnen huet. Den Eritreeër ass virum Fernando Gaviria (Movistar Team) an dem Arnaud De Lie (Lotto Dstny) iwwer den wäissen Stréch gefuer.
 
Aus Lëtzebuerger Sicht ass de Bob Jungels als 88. an de Kevin Geniets als 98. iwwer d’Arrivée gefuer. Béid Coureure sinn an der selwechter Zäit wéi de Gewënner gewäert ginn.
 
Neie Maillot Jaune vun dësem Tour de France ass de Richard Carapaz. Am General steet de Bob Jungels op der 66. Plaz an de Kevin Geniets op der Plaz 70.

No dëser Etapp gëtt et dann direkt zwou Nouveautéiten am Tour de France: de Biniam Girmay ass deen éischten Eritreeër, deen eng Etappevictoire am Tour de France feiere konnt an de Richard Carapaz ass och deen éischten Ecuadorianer am Maillot Jaune.

En Dënschdeg steet nees eng schwiereg Biergetapp um Programm. Iwwer 140 Kilometer geet et vu Pinerolo iwwer de Galibier op Valloire.

Top 10 vun der Etapp

1 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty 5:26:48
2 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
3 DE LIE Arnaud Lotto Dstny ,,
4 PEDERSEN Mads Lidl - Trek ,,
5 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla ,,
6 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
7 JAKOBSEN Fabio Team dsm-firmenich PostNL ,,
8 BALLERINI Davide Astana Qazaqstan Team ,,
9 BENNETT Sam Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 COQUARD Bryan Cofidis ,,
...
88 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
98 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,

D'Generalklassement no der 3. Etapp

1 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 15:20:18
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step ,,
4 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike ,,
5 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 0:06
6 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 0:21
7 MARTIN Guillaume Cofidis ,,
8 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
9 HINDLEY Jai Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
10 VLASOV Aleksandr Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
...
66 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 20:36
70 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 26:00