Zanter e Samschdeg de Mëtteg ass de Lëtzebuerger Ultracycliste beim Race Around Poland am Asaz. Ze fuere sinn 3.600 Kilometer an 32.000 Héichtemeter.

De Ralph Diseviscourt huet mëttlerweil déi zweet Nuecht am Race Around Poland hannert sech. Um Méindeg am spéide Moie läit de Lëtzebuerger op der 3. Plaz am Klassement. Vun den 3.600 Kilometer huet hien der mëttlerweil ronn 1.150 absolvéiert. Un der Spëtzt läit de Rainer Steinberger mat 1.210 gefuerene Kilometer. Mat nëmmen zwee Kilometer Retard läit de Philipp Kaider ganz no um Steinberger drun.

No 30 Stonnen huet den Dizzy eng éischt Schlofpaus gemaach. Dat war bëssen éischter wéi geplangt. Et hat domadder ze dinn, datt zu deem Ament Schichtwiessel am "Follower Car" war. D'Ekipp huet decidéiert, zu deem Zäitpunkt d'Schlofpaus ze maachen, fir datt een net 2 Mol huet musse stoe bleiwen. Wärend enger Stonn huet de Ralph Diseviscourt am Camper geschlof. Duerno goung et ënnert anerem eng ganz schwéier Montée vu 17 Prozent erop.

E puer Stonne virun der Schlofpaus hat den Ultracycliste nach ee sougenannte "Power Napping" gehalen. Deen huet grad emol 12 Minutte gedauert.

Hei kënnt Dir suivéieren, wou de Ralph Diseviscourt an der Course drun ass.