Op der 16. Etapp vum Tour de France goung et en Dënschdeg iwwer 188,6 flaach Kilometer vu Gruissan op Nîmes.

Nom zweete Roudag a schwéieren Etappen an de Bierger war et en Dënschdeg nees eng flaach Etapp an domat eng weider Chance fir d'Sprinter, eng Victoire ze feieren. Nodeems an der Ufanksphas ënnert anerem de Kevin Geniets probéiert hat, an eng Echappée ze goen, konnt sech um Enn a Persoun vum Thomas Gachignard nëmmen ee Coureur vum Peloton ofsetzen. Den 23 Joer ale Fransous gouf 25 Kilometer virun der Arrivée awer nees agefaangen an et koum wéi erwaart zu engem Massesprint.

Ronn 1,5 Kilometer virun der Arrivée gouf et nach eng Chute, wou ënnert anerem och de Biniam Girmay gefall ass. Deemno hat de Mann am grénge Maillot näischt mam Ausgang vun der Etapp ze dinn.

Dovunner huet de Jasper Philipsen profitéiert, fir eng drëtt Victoire bei dësem Tour de France ze gewannen, dat virum Phil Bauhaus an dem Alexander Kristoff. D'Lëtzebuerger Bob Jungels a Kevin Geniets misste mam Peloton iwwer de wäisse Stréch gefuer sinn.

Am General goufen et en Dënschdeg keng gréisser Changementer. Hei ass weiderhin den Tadej Pogacar a Giel.

Klassement vun der Etapp

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck
2 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious
3 KRISTOFF Alexander Uno-X Mobility
4 BENNETT Sam Decathlon AG2R La Mondiale Team
5 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike
6 ACKERMANN Pascal Israel - Premier Tech
7 COQUARD Bryan Cofidis
8 WÆRENSKJOLD Søren Uno-X Mobility
9 GIBBONS Ryan Lidl - Trek
10 VAN POPPEL Danny Red Bull - BORA - hansgrohe

General no der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 61:56:24
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike +3:09
3 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step +5:19
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates +10:54
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +11:21
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +11:27
7 YATES Adam UAE Team Emirates +13:38
8 CICCONE Giulio Lidl - Trek +15:48
9 GEE Derek Israel - Premier Tech +16:12
10 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious +16:32
...
41 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe +1:54:52
61 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +2:34:11