Thibaut Nys gewënnt seng drëtten Etapp

© AFP (ARCHIV)
De Luc Wirtgen klasséiert sech als 37, den Alex Kirsch op der 79. Plaz. Am Generalklassement leit de Jonas Vingegaard weider op der 1. Plaz.
Op der 6. Etapp beim Tour duerch Polen ka sech iwwer 183.2 Kilometer vu Wadowice op Bukovina Resort den Thibau Nys op e Neits als Gewënner feiere loossen. Et ass dem Belsch seng drëtte Victoire bei dësem Tour. Am Sprint setzt sech de Coureur vu Lidl-Trek virum Diego Ulisi an dem Oscar Onley duerch.
Am General bleift de Jonas Vingegaard bleift weider a Giel, dat mat 13 Sekonne Virsprong op den Italieener Diego Ulissi an 20 Sekonnen op säin Teamkomerod Wilco Keldermann.
De Luc Wirtgen klasséiert sech als 37 mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 46 Sekonnen. Am General leit de Coureur vun Tudor Pro Cycling op der 32. Plaz (+7:58). Den Alex Kirsch ass iwwerdeems mat engem Retard vun 19 Minutten a 10 Sekonnen als 79 op der Arrivée ukomm. Am Generalklassement leit de Lëtzebuerger op iwwer 46 Minutten op der 81. Plaz.
D'Klassement vun der 6. Etapp
1 NYS Thibau Lidl - Trek 4:26:06
2 ULISSI Diego UAE Team Emirates 0:00
3 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 0:00
4 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:00
5 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:00
6 BAGIOLI Andrea Lidl – Trek 0:00
7 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:00
8 ZAMBANINI Edoardo Bahrain – Victorious 0:00
9 MOHORIČ Matej Bahrain – Victorious 0:00
10 WANDAHL Frederik Red Bull - BORA – Hansgrohe 0:00
37 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 01:46
79 KIRSCH Alex Lidl - Trek 19:10
De General no der 6. Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 21:22:14
2 ULISSI Diego UAE Team Emirates 0:13
3 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 0:20
4 GRÉGOIRE Romain Groupama – FDJ 0:33
5 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers 0:37
6 MOHORIČ Matej Bahrain – Victorious 0:44
7 ZAMBANINI Edoardo Bahrain – Victorious ,,
8 HONORÉ Mikkel Frølich EF Education – EasyPost 0:49
9 VOISARD Yannis Tudor Pro Cycling Team ,,
10 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 0:53
32 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 07:58
81 KIRSCH Alex Lidl - Trek 46:52