D'Belsch konnt sech am Maillot à Pois duerchsetzen. D'Katarzyna Niewiadoma konnt de Maillot Jaune verdeedegen. D'Christine Majerus fiert op déi 60. Plaz.

Op der 7. Etapp ass et iwwer 166,4 Kilometer vu Champagnole op de Grand-Bornand, och nach Montée de Chinaillon genannt, gaangen. Et war déi längsten Etapp bei dësem Tour.

D'Marianne Vos (Visma - Lease a Bike), virun der Etapp op der 15. Plaz am General mat engem Retard vun 1 Minutt an 53 Sekonnen op d'Polin Katarzyna Niewiadoma (Canyon/SRAM Racing), huet sech mat 5 aner Dammen, ënnert anerem mam Leader beim Maillot à Pois Justine Ghekiere, fréi an der Etapp ofgesat an hat tëschenzäitlech iwwer 5 Minutte Virsprong op de Peloton.

Bei der virleschter Montée huet sech d'Justine Ghekiere vun der Konkurrenz konnten ofsetzen a war 10 Kilometer virun der Arrivée eleng un der Spëtzt. Hannendrun ass de Peloton ëmmer méi séier ginn, konnt de Réckstand op d'Spëtzt awer net méi gutt maachen.

D'Belsch Justine Ghekiere konnt sech op eng beandrockend Aart a Weis uewen um Grand-Bornand d'Etappevictoire sécheren. Op der zweeter Plaz op der Etapp klasséiert sech Maeva Squiban (Arkéa - B&B Hotels Women) virun der Hollännerin Demi Vollering (Team SD Worx-Protime) an dem Maillot Jaune Katarzyna Niewiadoma. 
 
Christine Majerus klasséiert sech an der Etapp mat engem Retard vun iwwer 13 Minutten op der 60. Plaz. Am General läit d'Christine Majerus elo mat iwwer 34 Minutten op der 61. Plaz. D'Nina Berton kënnt op enger schwéierer Etapp mat iwwer 27 Minutte Retard op déi 106. Plaz. Am General läit d'Lëtzebuergerin op der 108. Plaz mat enger gudder Stonn Retard.

E Sonndeg geet den Tour de France vun den Damme mat der Arrivée op der Alpe d'Huez op en Enn.

D'Resultat vun der Etapp

1 Ghekiere Justine AG Insurance-Soudal Team 04:26:58
2 Squiban Maeva ARKEA-B&B HOTELS + 01:15
3 Vollering Demi Team SD Worx-Protime + 01:23
4 Niewiadoma Katarzyna CANYON//SRAM Racing + 01:23
5 Muzic Evita FDJ-SUEZ  + 01:27
6 de Jong Thalita Lotto Dstny Ladies + 01:28
7 Pieterse Puck Fenix-Deceuninck + 01:28
8 Labous Juliette Team dsm-firmenich PostNL + 01:28
9 Rooijakkers Pauliena Fenix-Deceuninck + 01:28
10 Realini Gaia  Lidl-Trek + 01:28

60 MAJERUS Christine Team SD Worx – Protime + 13:50
106 BERTON Nina Ceratizit-WNT Pro Cycling + 27:09

De General no der 7. Etapp

1 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing 20:00:52
2 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck 0:27
3 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0:37
4 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL 1:01
5 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies 1:09
6 VAN ANROOIJ Shirin Lidl – Trek 1:12
7 ROOIJAKKERS Pauliena Fenix-Deceuninck 1:13
8 VOLLERING Demi Team SD Worx – Protime 1:15
9 MUZIC Évita FDJ – SUEZ 1:25
10 GHEKIERE Justine AG Insurance - Soudal Team 1:27

61 MAJERUS Christine Team SD Worx – Protime 34:12
108 BERTON Nina Ceratizit-WNT Pro Cycling 01:00:10