Op der 3. Etapp vun der Vuelta goung et e Méindeg iwwer 191,2 Kilometer vu Lousã op Castelo Branco.

Nodeems d'Echappée ronn 20 Kilometer virun der Arrivée ageholl gouf, koum et um Enn zu engem Massesprint, wou sech de Wout van Aert duerchsetze konnt. De Belsch gewënnt virum Kaden Groves, deen e Sonndeg déi zweet Etapp gewonnen hat. De Kevin Geniets gouf den 135. op 1 Minutt an 21 Sekonnen an de Michel Ries ass mat engem Retard vun 2 Minutten an 21 Sekonnen als 152. iwwer d'Arrivée gefuer.

Domat bleift de Wout van Aert dann och de Leader am General. Hei ass de Kevin Geniets den 134. op 2 Minutten an 59 Sekonnen an de Michel Ries den 162. op 4 Minutten a 24 Sekonnen.

Klassement vun der 3. Etapp

1 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike
2 GROVES Kaden Alpecin - Deceuninck ,,
3 ABERASTURI Jon Euskaltel - Euskadi ,,
4 MARIT Arne Intermarché - Wanty ,,
5 BITTNER Pavel Team dsm-firmenich PostNL ,,
6 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
7  LIVYNS Arjen Lotto Dstny ,,
8 COQUARD Bryan Cofidis ,,
9 SOTO Antonio Jesús Equipo Kern Pharma ,,
10 CANAL Carlos Movistar Team ,,
...
135 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:21
152 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 2:21

General no der 3. Etapp

1 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 5:25:27
2 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates 0:13
3 VACEK Mathias Lidl - Trek 0:15
4 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:19
5 AFFINI Edoardo Team Visma | Lease a Bike 0:21
6 SCHMID Mauro Team Jayco AlUla 0:29
7 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:30
8 ARMIRAIL Bruno Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:31
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:32
10 OLIVEIRA Nelson Movistar Team 0:33
...
134 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:59
162 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 4:24