Op der Kinneksetapp vu Schwäbisch Gmünd op Villingen-Schwenningen huet den Italieener Milan déi véiert Victoire fir d'Ekipp Lidl-Trek agefuer.

Op der 211 Kilometer laanger Kinneksetapp vum Däitschland-Tour koum op et de leschte Meter zu engem Massesprint, wou de Jonathan Milan déi séierst Been hat, dat virum Däitsche Max Kanter an dem Belsch Jordi Meeus. De Mads Pedersen bleift am Trikot vum Leader.

Direkt am Ufank vun der Course hat sech no 20 Kilometer eng Echappée aus fënnef Coureure forméiert. Dës Grupp sollt och bis 10 Kilometer virun der Arrivée zesumme bleiwen, éier hir d'Kraaft ausgoung an de Peloton se ageholl huet. Sou koum et zu Villingen-Schwenningen zum Sprint, mat der Victoire vum Italieener Milan. Et war seng insgesamt drëtt Victoire beim dësjäregen Däitschland-Tour an déi véiert Victoire fir d'Ekipp Lidl-Trek, wou och de Lëtzebuerger Alex Kirsch ënner Vertrag steet.

Dësen Alex Kirsch ass d'Etapp awer net zu Enn gefuer a soumat aus der Course. Den eenzeg verbliwwene Lëtzebuerger Bob Jungels gouf mat engem Retard vu 7'45'' den 92. Am General verléiert de Jungels e puer Plazen an ass elo op der 88. Plaz ze fannen.

E Sonndeg geet den Tour duerch Däitschland zu Saarbrécken op en Enn.

Klassement vun der 3. Etapp

1 MILAN Jonathan 5:17:57
2 KANTER Max ,,
3 MEEUS Jordi ,,
4 GOVEKAR Matevž ''
5 LAMPERTI Luke,,
6 MÄRKL Niklas ,,
7 DEL GROSSO Tibor ,,
8 AULAR Orluis ,,
9 BURATTI Nicolò ,,
10 VAN MECHELEN Vlad ,,
...
92 JUNGELS Bob 7:45
DNF KIRSCH Alex

Generalklassement

1 PEDERSEN Mads 14:03:08
2 JOHANNESSEN Tobias Halland 0:12
3 VAN POPPEL Danny 0:19
4 HAYTER Ethan 0:21
5 RYAN Archie ,,
6 BISSEGGER Stefan ,,
7 LAMPERTI Luke 0:22
8 CHRISTEN Fabio 0:24
9 GELDERS Gil ,,
10 FLYNN Sean 0:26
...
88 JUNGELS Bob 15:14