E Sonndeg ass et iwwer 178 Kilometer vu Motril op Granada gaangen. Op d'Coureuren hunn dräi Bierger vun der éischter Kategorie gewaart.

Den Adam Yates huet déi schwéier 9. Etapp vun der 79. Vuelta vu Motril un der Mëttelmierküst erop op Granada an der Sierra Nevada als Solist gewonnen. De Britt war kuerz nom Start vun der 178 Kilometer laanger Etapp an d'Echappée (26 Coureuren) gesprongen an hat sech 58 Kilometer virun der Arrivée eleng un d'Spëtzt gesat.

Vuelta: 9. Etapp
Den Adam Yates wënnt no 60-km-Solo, O'Connor bleift a Rout.

Um Enn hat hien eng Avance vun enger Minutt an 39 Sekonnen op de Richard Carapaz an dräi Minutten a 45 Sekonnen op de Mann am Maillot rouge Ben O'Connor.

Am General läit den O'Connor weider a Féierung. Hien huet eng Avance vun 3 Minutten an 53 Sekonnen op de Primoz Roglic.

De Michel Ries huet e Sonndeg als 48. iwwer 23 Minutte verluer an de Kevin Geniets hat als 121. e Réckstand vu knapp 36 Minutten. Am General ass de Ries den 69. op eppes méi wéi eng Stonn an de Geniets ass den 152. op knapp eng Stonn a 45 Minutten.

D'Klassement vun der Etapp

1 YATES Adam UAE Team Emirates 4:42:28
2 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 1:39
3 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:45
4 LANDA Mikel Soudal Quick-Step ,,
5 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
6 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates ,,
7 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
8 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
9 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
10 MAS Enric Movistar Team ,,
...
48 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 23:29
121 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 35:55

De General

1 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 36:09:36
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 3:53
3 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 4:32
4 MAS Enric Movistar Team 4:35
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 5:17
6 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 5:29
7 YATES Adam UAE Team Emirates 5:30
8 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 6:00
10 GAUDU David Groupama - FDJ 6:32
...
69 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 1:01:16
152 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:44:20