E Mëttwoch stoungen op der 11. Etapp vun der Vuelta 166,5 Kilometer mat Depart an Arrivée um Campus Tecnológico Cortizo Padron um Programm.

Zwee Bierger vun der 3. Kategorie an zwee vun der 2. Kategorie sinn e Mëttwoch gefuer ginn. Den Eddie Dunbar konnt sech um Enn aus enger grousser Echappée vun 32 Coureuren eraus duerchsetzen. De Coureur aus Irland wënnt virum Quinten Hermans an dem Max Poole.

Am Peloton huet de Primoz Roglic an der leschter Montée eng Attack lancéiert, mat där eng Partie Coureure ferm Problemer haten, dorënner och de Leader am General.

De Ben O'Connor bleift zwar wuel de Leader am General, huet awer 19 Sekonne vu senger Avance verluer. Hien huet elo nach e Virsprong vun 3 Minutten a 16 Sekonnen op de Roglic.

De Michel Ries ass e Mëttwoch als 91. op 10 Minutten a 6 Sekonnen ukomm. De Kevin Geniets huet als 155. 21 Minutten an 38 Sekonne verluer. Am General läit de Ries op der 60. Plaz op iwwer eng Stonn an de Geniets ass den 140. op iwwer zwou Stonnen.

Klassement vun der Etapp

1 DUNBAR Eddie Team Jayco AlUla
2 HERMANS Quinten Alpecin - Deceuninck 0:02
3 POOLE Max Team dsm-firmenich PostNL ,,
4 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers 0:04
5 BERRADE Urko Equipo Kern Pharma ,,
6 ZANA Filippo Team Jayco AlUla ,,
7 IZAGIRRE Ion Cofidis ,,
8 VERONA Carlos Lidl - Trek ,,
9 GAROFOLI Gianmarco Astana Qazaqstan Team ,,
10 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates ,,
...
91 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 10:06
155 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 21:38

General no der Etapp

1 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 43:54:54
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 3:16
3 MAS Enric Movistar Team 3:58
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 4:10
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 4:40
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 5:23
7 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 5:29
8 YATES Adam UAE Team Emirates 5:30
9 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 BENNETT George Israel - Premier Tech 5:46
...
60 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 1:07:14
140 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:07:26