Op der 2. Etapp gouf et en Doublé fir d'Ekipp SD Worx-Protime. Demi Vollering huet sech op der Biergetapp virum Lotte Kopecky duerchgesat.

Um Samschdeg goung et iwwer 101,9 Kilometer vu Chippis op Vercorin an et stoung eng schwéier Schlussmontée um Programm.

An där hu sech d'Teamkolleeginne vum Christine Majerus Demi Vollering a Lotte Kopecky näischt geschenkt. Um Enn konnt sech d'Vollering knapp virum Kopecky behaapten. De Podium gouf vum Gaia Realini (Lidl-Trek) komplettéiert. D'Italieenerin koum mat engem Retard vu 34 Sekonnen op d'Gewënnerin un. D'Christine Majerus koum mat engem Réckstand vu 7 Minutten a 50 Sekonnen op déi 50. Plaz. D'Nina Perton ass op der 87. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer.

Am General ass d'Kopecky op der 1. Plaz mat enger knapper Avance vun 2 Sekonnen op d'Vollering. Majerus a Berton leien do op de Plazen 53 an 89.

D'Klassement vun der 2. Etapp

1 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime 2:50:17
2 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
3 REALINI Gaia Lidl - Trek +0:34
4 GARCÍA Mavi Liv AlUla Jayco +0:49
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL +0:54
6 FISHER-BLACK Niamh Team SD Worx - Protime +1:02
7 GIGANTE Sarah AG Insurance - Soudal Team +1:06
8 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Team +1:16
9 DE SCHEPPER Lore AG Insurance - Soudal Team +1:22
10 KERBAOL Cédrine CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +1:27
...
50 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +7:50
87 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +13:29

De General

1 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime 6:19:20
2 VOLLERING Demi Team SD Worx - Protime +0:02
3 REALINI Gaia Lidl - Trek +0:42
4 GARCÍA Mavi Liv AlUla Jayco +1:01
5 LABOUS Juliette Team dsm-firmenich PostNL +1:06
...
53 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime +9:38
89 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team +29:59