Den Eddie Dunbar huet sech op der Kinneksetapp virum Enric Mas an dem Leader am General Primoz Roglic duerchgesat.

Op der schwéierer Biergetapp sinn d'Coureuren 172 Kilometer vu Villarcayo op de Picón Blanco gefuer. Net manner wéi siwe Montéeë stoungen um Programm.

No der knapp 8 Kilometer laanger Schlussmontée huet sech den Eddie Dunbar (Team Jayco-AlUla) duerchgesat. Hien huet an der leschter Montée attackéiert a gouf net méi agefaangen. Hannendru gouf den Enric Mas (Movistar) mat engem Retard vu 7 Sekonnen den Zweeten. De Primoz Roglic (Red Bull-BORA-hansgrohe) hat op der 3. Plaz e Réckstand vun 10 Sekonnen.

Am General bleift de Roglic de Leader. Hien huet säi Virsprong minimal ausgebaut a läit elo knapp iwwer 2 Minutte virum Ben O'Connor (Decathlon AG2R La Mondiale). Den Australier huet just 9 Sekonne Virsprong op de Mas op der 3. Plaz.

Mat engem Eenzelzäitfuere ronderëm Madrid geet um Sonndeg déi 79. Editioun vun der Vuelta op en Enn.

D'Klassement vun der Etapp

1 Dunbar Edward Team Jayco-AlUla 04:38:37
2 Mas Enric Movistar Team + 07
3 Roglic Primoz Red Bull-BORA-hansgrohe + 10
4 Carapaz Richard EF Education-EasyPost + 12
5 Berrade Urko Equipo Kern Pharma + 14
6 O'Connor Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team + 14
7 Gaudu David Groupama-FDJ + 21
8 Landa Mikel Soudal Quick-Step + 23
9 Lipowitz Florian Red Bull-BORA-hansgrohe + 37
10 Skjelmose Mattias Lidl-Trek + 37

De General

1 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 81:22:19
2 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team +2:02
3 MAS Enric Movistar Team +2:11
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost +3:00
5 GAUDU David Groupama - FDJ +4:48
6 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek +5:18
7 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe +6:26
8 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +6:57
9 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates +8:50
10 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +10:31