Wéi kommen d'Tëlee-Biller bis bei iech an d'Stuff?
Den Tour de Luxembourg gëtt dëst Joer op 3 vun de 5 Kontinenter iwwerdroen. Mir liwweren iech e Bléck hannert d'Kulisse vun esou enger Produktioun.
De Weltmeeschter Mathieu van der Poel, deen direkt déi éischt Etapp gewënnt. Den Dänesche Sprinter Mads Pedersen en Donneschdeg. Um Freideg de Belsch Mauri Vansevenant. Besser hätten déi éischt Deeg vum Tour de Luxembourg sportlech net kënne lafen.
D'Biller vun der Kinneksetapp duerch d'Éislek, déi an d'Welt goungen, si méi wéi just eng Publicitéit fir de Vëlossport.
Herrlech Landschaften, bei bloem Himmel. Do schléit och d'Häerz vun deenen, déi hei am Land am Tourismus schaffe méi fest.
Den Tour de Luxembourg gëtt dëst Joer op 3 vun de 5 Kontinenter iwwerdroen.
RTL, Eurosport 2, L'Equipe TV an Discovery+ an Europa. Dobäi komme Programmer an Amerika, Kanada, Zentral- a Latäinamerika an an Asien.
Produzéiert gëtt d'Signal am Kader vun enger Zesummenaarbecht vum TV Host, den Hollänner vun NEP, mat dem Broadcasting Center Europe BCE an RTL.
Den RTL-Realisateur Christian Fischer erkläert, wéi vill Kamerae wou agesat ginn:
"Fir d' Kameraen hu mer am Fong geholl zwee Deeler. Dat eent ass eng Kéier dat wat op de Motorrieder ass, an eng Kéier déi fest Kameraen. Mir hunn op dësem Tour véier Motorrad-Kameraen an en Helikopter. Dat Ganzt geet iwwer de Relais, iwwer de Fliger an da kënnt et heihinner an de Car. An op der Arrivée selwer, hu mer fënnef fest Kameraen. Zwou virun der Linn an dräi hannert der Linn. Wouvunner eng Super Slow Motion ass, fir Ralentien ze maachen."

D'Signal aus der Course, vun de Motorrieder, respektiv dem Helikopter mécht en Ëmwee bis an eng Héicht vu 7 Kilometer, ier et op d'Arrivée an den Iwwerdroungscamion kënnt. Grad wéi am Tour de France, gëtt op e Fliger zeréck gegraff, dee wärend der Live Iwwerdroung iwwert dem Peloton kreest.
Den Jamie Waddell vum TV Host, NEP Production gëtt Detailer:
"Déi ganz Technik fir d'Iwwerdroung gouf op der Säit vum Motorrad agebaut. Esou kënne mer d'Signal erop op de Fliger a 7 Kilometer Héicht schécken. Dee kreest iwwert der Course an iwwerdréit d'Signal nees erof. An engem technesche Raum gëtt et decodéiert, ier d'Signal an den Iwwerdroungs-Camion geet."
Eng Televisiounsproduktioun, déi net manner wéi eng 40 Fraen a Männer mobiliséiert.
Den Dag fir d’Ekippe fänkt Moies um 9 Auer un, mam Opriichten. Da kommen Nomëttes zwou Stonne Liveiwwerdroung pro Etapp. Owes géingt 19.30 Auer geet et schonn nees wieder, op d’Arrivée vun der Etapp vum Dag duerno.
