Mountainbike ChampionnatTijay Heinen a Fabienne Schaus gewanne Championstitelen

Sam Rickal
E Sonndeg huet déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun zesumme mam Veräin Velo Union Esch de Mountainbike-Championnat um Escher Gaalgebierg organiséiert.
Den Tijay Heinen, hei an der Mëtt, konnt sech de Championstitel bei der Hären-Elite sécheren.
© Sam Rickal

E 5,1 Kilometer laange Parcours ronderëm de Stade Emile Mayrisch, dem Futtball-Terrain vun der Escher Fola, haten d'Coureuren e Sonndeg hannert sech ze bréngen. D'Elite bei den Hären huet 6 Tier misse fueren. Séierste war den Tijay Heinen, deen no enger Stonn, 26 Minutten a 42 Sekonnen op d'Arrivée koum.

De Coureur vum Cycling Team Toproad Roeserbann hat um Enn eng Avance vun enger Minutt an 2 Sekonne virun sengem Co-Equipier Lucas Van den Abeele an enger Minutt an 41 Sekonne virun dem Raphaël Kockelmann.

D'Fabienne Schaus huet de Championstitel bei der Dammen-Elite gewonnen. Si huet hir 5 Tier an enger Stonn, 22 Minutten a 6 Sekonnen hannert sech bruecht. Si war als eenzeg Coureuse bei der Elite um Depart.

Bei den Espoire goung den Titel bei den Hären un de Rick Meylender an bei den Dammen un d'Layla Barthels.

Back to Top
CIM LOGO