Bilan vun zweeter Woch vum Tour de FranceTadej Pogacar weider dominant, Out fir säi gréisste Konkurrent Jonas Vingegaard

Tom Flammang
Mir kucken op déi zweet Woch um Tour de France zeréck a kucken, wéi sech den eenzege Lëtzebuerger am Tour geschloen huet.
Tour de France: E Réckbléck op déi 2. Woch

Déi zweet Woch vum Tour de France ass mat enger Victoire vum belsch Remco Evenepoel op en Enn gaangen. Uewenaus um Plateau de Solaison war den Evenepoel am Sprint méi séier wéi den Tadej Pogacar an deem säi Coequipier Isaac del Toro.

Eng déck 20 Kilometer virun der Arrivée war et den Out vum Jonas Vingegaard. Den Dän war an enger Kéier gefall an huet sech d'Schlësselbee gebrach. 

De Pogacar selwer hat et sech net huele gelooss, fir direkt nom éischte Roudag zu Le Lioran ze gewannen an huet dat selwecht och zu Le Markstein an de Vogese gemaach. Um Enn vun der zweeter Woch huet hien eng Avance vu 5 Minutten op den Evenepoel.

De Mexikaner Isaac del Toro ass den Drëtten. Fir d'Podiumsplazen dierft et awer och an der leschter Woch spannend bléiwen.

De jonke Paul Seixas an de Florian Lippowitz kéinten dem Del Torro nach geféierlech ginn. Nieft Pogacar an Evenepoel waren d'Etappe-Victoiren an der zweeter Woch fir Waerenskjold, Merlier a Schmid.

Alex Kirsch weist sech engagéiert

De Lëtzebuerger Coureur aus de franséischer Ekipp Cofidis huet et an der zweeter Woch e puer Mol probéiert, fir an d'Echappée ze kommen. Op der Etapp op Belfort war hien am Ufank ganz aktiv, de Peloton hat säi Grupp awer net fuere gelooss. 

En Dënschdeg geet et mam engem Zäitfueren iwwer 26 Kilometer tëscht Evian-les-Bains an Thonon-les -Bains weider.

Back to Top
CIM LOGO