Op der 15. Etapp goung et iwwer 183,9 Kilometer vu Champagnole op de Plateau de Solaison, enger Hors-Catégorie-Biergwäertung. Gewonne gouf déi schwéier Etapp vum Remco Evenepoel (Red Bull Bora hansgrohe). De Belsch war an der leschter Montée um Pogacar an del Toro dru bliwwen a konnt sech am Sprint aus dem klenge Grupp eraus duerchsetzen. De Pogacar gouf virum del Toro den Zweeten. Vill Pech hat de Jonas Vingegaard. Den Dän war an der Descente virun der leschter Montée gefall an huet direkt missen opginn. An d'Chute waren och de Sepp Kuss an den Isaac del Toro involvéiert, béid Coureuren konnten awer weiderfueren. De Leader am General Tadej Pogacar hat gutt reagéiert a konnt nach ofbremsen an duerno normal weiderfueren. Am General huet de Pogacar elo e Virsprong vu 5 Minutten op den Evenepoel, deen nom Out vum Vingegaard op der 2. Plaz läit. De Podium gëtt den Ament vum del Toro komplettéiert, deen e Réckstand vu 5 Minutten an 58 Sekonnen huet.
Den Alex Kirsch gouf um Sonndeg den 139. mat engem Retard vu 35 Minutten a 50 Sekonnen. Am General läit de Lëtzebuerger op der 123. Plaz.
De Peloton war bis bei déi 1. Sprintwäertung ronn 15 Kilometer nom Start zesumme bliwwen. De Sprint konnt vum Jasper Philipsen virum Mats Pedersen an dem Max Kanter gewonne ginn. An der Suite gouf et ëmmer nees Attacken. Déi definitv Echappée mat 24 Coureuren konnt sech awer réischt ronn 94 Kilometer virum Zil ofsetzen. De grousse Grupp ass an der Montée op de Col de la Croisette ausernee gefuer an et bloufe 7 Coureuren un der Spëtzt. Mat dobäi waren ë.a. de Mauro Schmid (Team Jayco AlUla), den Tom Pidcock (Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team) an den Adam Yates (UAE Team Emirates - XRG). De Peloton huet der Echappée awer ni méi wéi 3 Minutte Virsprong ginn. Ronn 21 Kilometer ass de Vingegaard gefall an huet missen opginn. De Peloton huet sech missen nei organiséieren, koum an de leschte Kilometer ëmmer méi no un d'Echappée erun. Un der Spëtzt konnt de Quinn Simmons attackéieren an huet et en solitaire probéiert. 7,5 Kilometer virun der Arrivée huet de Pogacar aus dem Peloton eraus acceleréiert an huet den Tempo fir säin Teamkolleeg del Toro gemaach. Den Tempo konnt just den Evenepoel matgoen. Hannendrun hunn de Seixas, den Ayuso an de Lipowitz e weidere Grupp forméiert. 5 Kilometer virum Zil gouf de Simmons vum Grupp ëm de Pogacar agefaangen. Pogacar, del Toro an Evenepoel si vir fortgefuer, hannendru konnte Seixas a Lipowitz de Réckstand a Grenzen halen. Um Enn huet den del Toro nach e puer Mol probéiert ze attackéieren, d'Victoire goung awer un de Remco Evenepoel. Seixas a Lipowitz koumen opo d'Plaze 4 a 5.