Perfekten Optakt an d'Saison fir d'Marie Schreiber

© AFP (Archiv)
D'Lëtzebuergerin ass de Weekend an d'Cyclocross-Saison gestart an huet direkt zweemol gewonnen.
E Samschdeg hat d'Marie Schreiber déi éischt Manche vun der Coupe de France zu Nommay (C2) gewonnen. 24 Stonne méi spéit huet d'Lëtzebuerger Championne op en Neits eng Victoire gefeiert.
Bei der zweeter Course zu Nommay war d'Schreiber awer net grad esou iwwerleeën. Déi franséisch Championne Hélène Clauzel huet sech mat alle Mëttele gewiert a konnt bis an déi virlescht Ronn un der Lëtzebuergerin dru bleiwen. Duerno konnt d'Schreiber sech awer ofsetzen a konnt bis op d'Arrivée eng Avance vun 18 Sekonnen erausfueren. Op déi drëtte Plaz ass d'Amandine Fouquenet gefuer. Si hat e Retard vun 2 Minutten an 41 Sekonnen.
D'Resultat vun der Course
1 SCHREIBER Marie 51:15
2 CLAUZEL Hélène 0:18
3 FOUQUENET Amandine 2:41
4 MUZIC Évita 3:03
5 GERY Célia AS Bike Racing 3:05
6 MULLER Amandine AS Bike Racing 4:17
7 VIDON Amandine Ardennes Cross Team Gecibat 4:32
8 GARNIER Noemie 5:15
9 GALLEZOT Electa Sebmotobikes CX Team 5:16
10 WEINGARTEN Audrey 5:46