De Weekend war zu Munneref déi nächst Manche vum Skoda Cross Cup.

De Ken Conter gewënnt de regionale Cyclocross zu Munneref. De Coureur vum Team Snooze huet sech den éischten Tour vun der Konkurrenz ofgesat an ass op deem déiwen a schmieregen Terrain eng ganz staark Course gefuer. An der Mëtt vun der Course hat hien eng Avance vu 25 Sekonnen op seng éischt Verfolger. Hannert him war et eng spannend Course ëm d'Éiereplazen. De Fransous Théo Jung an den Noa Berton hu sech bis op d'Arrivée en interessant Duell geliwwert. Déi 2. Plaz war no 50 Minutte Course fir de Jung. Den Noa Berton war als 3. beschten Espoir-Coureur.

Neie Leader am Skoda Cross Cup ass de Ken Conter.

Bei den Damme war d'Gwen Nothum déi Bescht. Si konnt sech virum Marie Zeimeth aus Frankräich an dem Kylie Bintz behaapten.

Den nächste Sonndeg steet den internationale Cyclocross zu Conter um Programm.