Den Noa Berton an d'Nina Berton sti ganz uewen um Podium
Fir den Noa Berton war et déi éischt Victoire vun der Saison.
Zu Brouch stoungen um Sonndeg 18 Konkurrenten um Depart. Bei beschtem Wierder hate Coureure wei de Raphael Kockelmann, Geoffrey Rausch oder Noa Berton déi beschte Chancen ob eng éischt Victoire an dëser Cross-Saison.
Den dréchene a séiere Parkour ronderëm de Campus Helperknapp zu Bruch huet fir eng spannend Course gesuergt. No engem schnellen Depart vum Noa Berton konnt sech de Coureur vum Toproad Réiserbann am éischten Tour eng Avance vun 10 Sekonnen erausfueren.
Just hannendrun hu sech de Raphael Kockelmann, de Belsch Geoffrey Rausch an och de Fransous Lucas Thilly ofgewiesselt a probéiert d'Lach ob de Berton zouzefueren. Dësen huet seng Avance Tour fir Tour ausgebaut an hat an der Mëtt vun der Course eng Avance vu ronn 25 Sekonnen. Den dréchene Buedem huet vir eng schnell Course gesuergt an dëst huet dem Coureur aus dem Réiserbann an d'Kaarte gespillt. Hannert dem Berton kruten d’Spectateuren eng spannend Course gebueden. Bei sonnegem Hierschtwieder gouf sech keng Podiumsplaz geschenkt. De Grupp ëm de Raphael Kockelmann ass kuerz viru Schluss explodéiert. De Fransous Thilly konnt sech vum Champion vum Joer 2023 ofsetzen an nach bis ob 15 Sekonnen un de Berton rukommen. Dëse konnt dem Drock vum Fransous Stand halen a säin éischte Cross vun der Saison gewannen.
De Podium gouf vum Fransous Lucas Thilly an dem Raphael Kockelmann komplettéiert.
Bei den Dammen huet sech d'Nina Berton duerchgesat.
Weider geet et an zwou Woche mam Skoda Cross Cup um Härebierg organiséiert vum Toproad Réiserbann an der Arméi.