
Iwwer 187 Kilometer goung et e Méindeg vun Épône op Montargis. Séiersten am Sprint war den Astana-Profi Max Kanter, deen sech domat d’Victoire séchert an der zweeter Etapp. Um Stréch konnt den Däitsche sech géint den Australier Laurence Pithie an de Belsch Jasper Stuyven behaapten.
Am General féiert weider den Amerikaner Luke Lamperti, an der selwechter Zäit wéi de Belsch Vito Braet, virum Laurence Pithie, dee 6 Sekonne Retard huet.
Déi zwee Lëtzebuerger Arthur Kluckers an Alex Kirsch sinn, an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur, als 63. an als 115. op der Arrivée ukomm. Am Generalklassement ass den aktuellen nationale Champion den 127., de Kirsch steet op der 141. Plaz.
1. Max Kanter (GER/AST) 4 h 25:07.
2. Laurence Pithie (NZL/RBH)
3. Jasper Stuyven (BEL/SOQ)
4. Dorian Godon (FRA/IGD)
5. Luke Lamperti (USA/EFE)
6. Rick Pluimers (NED/TUD)
7. Lewis Askey (GBR/IPT)
8. Tom Van Asbroeck (BEL/IPT)
9. Clément Russo (FRA/GFC)
10. Anthony Turgis (FRA/TEN)
...
63. Arthur Kluckers (LUX/TUD)
115. Alex Kirsch (LUX/COF)
1. Luke Lamperti (USA/EFE)
2. Vito Braet (BEL/LTD)
3. Laurence Pithie (NZL/RBH) op 6'’
4. Jasper Stuyven (BEL/SOQ) op 8'’
5. Orluis Aular (VEN/MOV) op 8'’
6. Juan Ayuso (ESP/LTK) op 8'’
7. Casper Pedersen (DEN/SOQ) op 8'’
8. Dorian Godon (FRA/IGD) op 12'’
9. Anthony Turgis (FRA/TEN) op 12'’
10. Mike Teunissen (NED/AST) op 12'’
...
127. Arthur Kluckers (LUX/TUD) op 4'58'’
141. Alex Kirsch (LUX/COF) op 6'30'’
Déi drëtt Etapp, en Ekippenzäitfueren iwwer 23,5 Kilometer tëscht Cosne-Cours-sur-Loire a Pouilly-sur-Loire, kënnt Dir en Dënschdeg nees op RTL.lu am Livestream suivéieren.